Lëtzebuergesch léieren

English version + Version française

Tiens, le voilà. - Como estas? - Wir warten am Bahnhof. - Muito obrigado! - What a heat! - Lo kuck der dat do emol un. - Poi me ne sono andato via. -Hvala dobro!

Wat e Gewurrels, wat e Getuddels a Gedruddels, e Gemësch an e Gehäks, Sproochen, Sproochen, Sproochen an elauter. An dann nach eppes selwer Gebratschtenes, echten Hausmannskascht: Lëtzebuergesch. Eng Geheimsprooch? En Insider-Tip? Folklore? Eng Stäip fir d'Integratioun? Lëtzebuerg - wat ass et nët alles: carrefour de l'Europe, melting pot, gelebte Mehrsprachigkeit. Bal méi Sproochen ewéi Leit. Mat iwwer 35 % Nët-Lëtzebuerger am Ländchen nëmmen normal. Zu Lëtzebuerg ginn all Sprooche vun der Europäescher Unioun geschwat, gelies, geschriwwen. Donieft vill aner Sproochen och. Méi wéi eng Sprooch schwätzen ass näischt Besonnesches.

Méisproochegkeet als kollektiv Selbstverständlechkeet, als gelieften Alldag. Wien nei ass zu Lëtzebuerg, kritt dat séier mat. Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg ass keen Importartikel, näischt Bäigeprafftes. Et gëtt si och genuin "made in Luxembourg", an dat schon e ganze Strapp.

Et gëtt hei eppes wat een Triglossie nennt, oder och Polyglossie, d.h. déi Tatsaach, datt an enger Kollektivitéit dräi oder méi Sproochen matenee gebraucht ginn a sech fir d'meescht doduerch vun eneen ënnerscheeden, wéi a fir wat si geholl ginn. D'Sprooche vun der traditioneller Triglossie zu Lëtzebuerg sinn Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.

Dat wor schon esou am Mëttelalter. Dat wor och déck néideg, well joerhonnerte laang hunn Germanophoner a Romanophoner niefteneen an dësem Land gewunnt, et gouf e quartier wallon' an e quartier allemand'. Wierklech méisproocheg woren d'Leit déi Zäit zwar kaum, jiddereen huet säint geschwat, dat goung duer. D'Administratioun wor zweesproocheg, Däitsch a Franséisch. Lëtzebuerg, gegrënnt 963, wor eng eegestänneg Grofschaft, duerno Herzogtum, bis 1444. Duerno hunn nëmmen nach friem Häre sech d'Klensch an de Grapp gedréckt: Burgunder, Spuenier, Habsburger, Fransousen, Èisterräicher. No der neier Selbstännegkeet (1815) koum 1839 de wallouneschen Deel un d'Belsch, rescht blouf de gréissten Deel vum ale quartier allemand'. D'Méisproochegkeet ower konnt sech behaapten, si gouf institutionaliséiert a si ass et bis haut. An d'Lëtzebuergescht? Bei all deene Sprooche géing et dach och gutt ouni. Wat ass dat iwwerhaapt, Lëtzebuergesch? Eng Sprooch, en Dialekt, eppes Eegenes, méi Däitsch, méi Franséisch, e Gemëschs, patois bizarre mais sympa, it's funny, isn't it?

Zanter 1984 ass Lëtzebuergesch d'Nationalsprooch vun de Lëtzebuerger, ganz offiziell. Dee wierklech praktesche Wäert vun dëser Sprooch mierkt deen, deen nei bäikënnt, am Kontakt mat de Leit: si hëlleft, mateneen an d'Gespréich ze kommen, sech kennen ze léieren a Barrièren ze iwwerwannen.

Lëtzebuergesch gëtt hautgesdags als eegestänneg Sprooch betruecht. Hir Basis ass d'Muselfränkescht als Deel vum mëtteldäitsche Sproochraum. Eelstent literarescht Sproochmonument ass d'Yolanda-Dichtong am Codex Mariendalensis aus der Zäit ëm 1290. Duerch seng peripher Lag vis-à-vis vum däitsche Sproochgebitt an d'Assimilatioun vun e sëlleche franséische Wieder huet d'Lëtzebuergescht am Verglach mat bannendäitschen Dialekter eng eegen Entwécklong matgemaach, déi sech och haut nach confirméiert. D'Literaturproductioun huet grad déi lescht Joerzéngter enorm évoluéiert an dat klassescht Feld vun der traditioneller Dialektliteratur ewell laang hannert sech gelooss. An der Zäit konnt ee Lëtzebuergesch définéieren als déi vun de Lëtzebuerger ënnertenee geschwate familiär Sprooch. Haut dogéint ass et ëmmer méi och eng geschriwwe Sprooch an allen denkbare Beräicher: Belletristik, Zeitong, Liturgie, Bréifverkéier, e-mail, Reklammen, Internet. D'Lëtzebuergescht huet grad och bei villen Auslänner zu Lëtzebuerg e grousse Succès. Si hu säi Wäert als Sprooch vun der Integratioun erkannt.

Guy Berg

Adressen fir Lëtzebuergesch ze léieren:
Centre de Langues Luxembourg (CLL), Tel.: 40.39.41
Ville de Luxembourg (Administration centrale),Tel.: 4796-1

Didaktescht Material:
Centre de Langues, (S.C.I.E.), L wéi Lëtzebuergesch, ISBN: 2495000027
Remus, Joscha, Lëtzebuergesch Wort für Wort (Kauderwelsch Band 104), Bielefeld 1997

Literatur:
Berg, Guy, Mir wëlle bleiwe wat mir sin. Soziolinguistische und sprachtypologische Betrachtungen zur luxemburgischen Mehrsprachigkeit. Tübingen 1993.
Bruch, Robert, Précis populaire de grammaire luxembourgeoise. Luxemburger Grammatik in volkstümlichem Abriss. Luxemburg 1973.