aller au contenu

Cookies sur les sites web de l'UE

Nous utilisation les cookies dans le but unique d'améliorer votre experience sur notre site. Si vous continuer sans changer vos paramètres vous recevrez des cookies ou changer vos paramètres cookie à tout moment.

Continuer
 
 
 
07-05-2019
 .

Elefanteronn

 .

Invitatioun fir eng ëffentlech Elefanteronn den 7. Mee 2019. 

 .
 .

De 26. Mee sinn zu Lëtzebuerg d’Wale fir d’Lëtzebuerger Vertrieder*innen am Europaparlament. Déi eenzeg fräi an demokratesch gewielt länneriwwergräifend Institutioun op der Welt huet an de leschte Joren ëmmer méi Gewiicht kritt, an hier Entscheedungen hunn en direkten Afloss op den Alldag vun eis all.

Et sinn dëst vläicht déi wichtegst Walen, déi jee an Europa ofgehale goufen. Walen, déi doriwwer entscheede kéinten, ob d’Bierger*innen an Europa de Wee vun enger weiderer Verdéiwung vun der europäescher Integratioun goe wëllen, oder éischter net.

Et ass wichteg, datt d’Wieler*innen sech kënnen iwwert déi ënnerschiddlech Positioune vun den eenzelne Parteien zum Thema Europäesch Unioun informéieren.

Dofir invitéiere mir op eng ëffentlech

ELEFANTERONN 

 

de 7. Mee vun 18.00 bis 20.30 am Centre Culturel Tramsschapp
49, rue Ermesinde L-1469 LUXEMBOURG (Limpertsberg)
De Parking ënner dem Tramsschapp steet zu ärer Verfügung.

 

Mellt Iech w.e.g. online un op: https://europa.eu/!Nv86PB

Participante: Gast Gybérien (ADR), Christophe Hansen (CSV), Tilly Metz (Déi Gréng), Joe Thein (Déi Konservativ), David Wagner (Déi Lénk), Charles Goerens (DP), Ali Ruckert (KPL), Nicolas Schmit (LSAP), Daniel Frères (Piraten), Christopher Lilyblad (Volt).

18h00 Auslousen vun den Participante fir déi zwou Tables rondes
18h05 – 19h05 éischt Table ronde
Paus mat engem Patt
19h30 – 20h30 zweet Table ronde

Duerch den Owend féieren d’Fanny Kirsch an de Jürgen Stoldt.

D’Elefanteronn gëtt a Lëtzebuerger Sprooch ofgehalen. Iwwersetzungen op Franséisch an Däitsch sinn virgesinn.

 

 .
 .
 .