aller au contenu
 
 
 

EU-Talk (10) : Desinformatiounskris?

Bei eisem 10. EU-Talk geet et iwwert d'Falschnoriichten a Verschwörungstheorien an Zäite vu Corona.

Am Moment circuléiert eng Abberzuel vun Informatiounen, Falschinformatiounen a Gerüchter iwwert de COVID-19. D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO bezeechent dat schonn als 'Infodemie'. Déi grouss Desinformatiouns-Campagnen, déi am Ëmlaf sinn, stellen awer e Risiko fir déi ëffentlech Gesondheet duer. Si stelle beispillsweis Mesuren, wéi d'Undoe vu Masken als sënnlos duer oder verkafen de Léit vermeintlech Wonnermëttel. Wärend d'EU mat enger gemeinsamer Strategie an enger Campagne op Desinformatioun réagéiert, ass eng politesch Reegelung a Klassifikatioun vun Informatiounen mat Schwieregkeete verbonnen. Wéi a vu wiem dës Pandemie online ka bekämpft ginn, thematiséiere mir an dësem EU-Talk.


D'Talkronn ass op Lëtzebuergesch an op Däitsch.Invitéë:
Isabel Wiseler-Lima (CSV/ EVP), Europadeputéiert,
Karl Lauterbach (SPD), Member vum däitsche Bundestag,
Ranga Yogeshwar, Wëssenschaftsjournalist