aller au contenu
 
 
 

EU-Talk (8): Vakanz 2020?

Bei eisem 8. EU-Talk geet et iwwert d'Auswierkunge vu Corona op den Tourismus. Kann een dëse Summer iwwerhaapt an d'Vakanz fueren? A wann jo, wouhi wëllen d'Léit a wéi wäit kann ee plangen?

An Zäite vu Reesbeschränkungen an Ofsoe vu Groußveranstaltunge steet den Tourismussecteur virun ausseruerdentlechen Erausfuerderungen an enorme Verdéngschtausfäll. Vun de Restauranten an Hotele bis zu de Reesagencen an Transportentreprisë si vill Betriber a Leit direkt betraff a brauchen Ënnerstëtzung.
Wéi dëst op nationalem an op EU-Niveau ëmgesat gëtt a wat prioritär fir dëst Thema sollt sinn, gëtt am EU-Talk beschwat.


Invitéën:
Lex Delles, Minister fir Tourismus
Marc Angel, Europadeputéierten an
Tilly Metz, Europadeputéiert
Fernand Heinisch, President vun der Union Luxembourgeoise des Agences de Voyages (ULAV),
François Koepp, CEO vun der HORESCA